Virun 150 Joer huet eng Iddi vun engem éisträichesche Professer fir Nationalekonomie d'Kommunikatioun weltwäit revolutionéiert.

Den 1. Oktober 1869 huet déi éisträichesch-ungaresch Post d'Propose vum Emanuel Herrmann a Wierklechkeet ëmgesat an déi éischt Postkaart verschéckt. Zu Paräis an och an den USA sinn et ähnlech Virleefer ginn, awer dës goufen net vun der Post zougelooss.

Am Géigesaz zum Medium Bréif sollt déi sougenannte "Korrespondenzkaart" eng méi kuerz, schnell, bëlleg a manner fërmlech Kommunikatioun erméiglechen. D'Postkaart a Form vun enger "Usiichtskaart" gëtt et awer eréischt zanter 1905, d'"Korrespondenzkaart" selwer hat kee Bild.

© Postimuseo / Twitter

Duerch d'Konkurrenz vun den digitale Medien hëlt d'Zuel vun de Kaarten, déi weltwäit verschéckt ginn, konstant of. Nostalgesch Persoune kafen awer och hautdesdaags nach Postkaarte fir Gebuertsdeeg oder zum Beispill an der Vakanz.