Op d’Fro, wéi eng déi beschten Zuel wier, huet hien „73“ geäntwert. Den Zuelentheoretiker Carl Pomerance vum Dartmouth College confirméiert seng Ausso.

Wie sech mat der Kultserie auskennt, weess, dass de Super-Nerd eng Fro net kuerz a knackeg beäntwert, mä direkt eng Begrënnung matliwwert: „73 ass déi 21. Primzuel, hir Spiggelzuel – 37 – ass déi 12. Primzuel, an där hir Spiggelzuel (21) ass d'Produkt vun der Multiplikatioun vun – haalt iech fest: 7 an 3".

Wat fir déi meeschte Spectateuren e klassesche Sheldon-Cooper-Kommentar ass, war fir Fuerscher aus den USA d'Inspiratioun fir en neie Fuerschungsprojet. Zesumme mam Christopher Spicer huet de Carl Pomerance no weideren Zuele gesicht, déi déi selwecht Kritären erfëllen. Dofir goufen déi éischt 10 Millioune Primzuele genau ënnert d'Lupp geholl... Ouni Erfolleg. Du goufe vun hinne weider Zuelen analyséiert, awer och beim zweete Versuch gouf keng Zuel ausser 73 fonnt, déi dem Sheldon senge Kritären entsprécht.

Geéiert goufe béid Fuerscher vum wëssenschaftleche Beroder vun The Big Bang Theory, dem David Salzberg: Am Hannergrond vun enger Zeen stinn d'Nimm vun den Zuelentheoretiker an en Deel vun hirer Rechnung op engem Whiteboard.