Solistes Européens Luxembourg heescht en Orchester, dee mat Museker aus ganz Europa Concerten haaptsächlech zu Lëtzebuerg gëtt.

Dës Woch war et dann d'Geleeënheet, den 30. Anniversaire mat engen Concert an der Philharmonie ze feieren.

1989, eng schwiereg Zäit an Europa mat groussen Ost-West-Ausenanersetzungen an e Gedanken, fir iwwert de Wee vun der Musek ze weisen, dass et och anescht geet wéi mat Aschüchterung a Gewalt.

Bestëmmt net einfach, fir Spëtzemuseker aus verschiddenen europäeschen Orchesteren, fir eng hallef Dose Concerten, op Lëtzebuerg ze lackelen.

Scho bal selbstverständlech, dass fir den 30. Anniversaire déi 9. Symphonie vum Beethoven opgeféiert gouf. Den Orchester Solistes Européens mat hirem Dirigent Christoph König huet sech dem Challenge gestallt, zesumme mam Choeur de Chambre de Luxembourg ënnert der Leedung vum Antonio Grosu.