Déi siwe Muséeën, déi am Gruppement Stater Muséeën dra sinn, maachen hir Dieren an der Nuecht vum 12 bis den 13. Oktober bis 1 Auer Moies op.

Dono geet et am Casino bis 3 Auer Moies weider mat enger Nuit Blanche mat dem DJ-Set Katy De Jesus.

Bei der Nuit des Musées maache mat:

• Villa Vauban – Musée d'Art de la Ville de Luxembourg
• Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain
• Lëtzebuerg City Museum
• Musée national d'histoire et d'art – MNHA
• Musée national d'histoire naturelle – 'natur musée'
• Musées Dräi Eechelen – Forteresse, Histoire, Identités
• Mudam Luxembourg – Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean

D'Diere ginn e Samschdeg den 12. Oktober um 18 Auer op an zou gi se um 1 Auer um Sonndeg de Moien. De Virverkaf vun den Ticketen geet bis den 12. Oktober um 14 Auer. Den Ticket kascht bis dohinner 10 Euro fir en Erwuessenen, 5 Euro fir Jonker tëscht 16 a 26 Joer. Dorënner ass den Entrée fräi. D'Tickete ginn et an de 7 Muséeën, am LCTO, op luxembourgticket.lu, an den Enoshops an den TangoShops. An der Oweskees, wou een och spontan en Ticket kafe kann, sinn d'Präisser méi héich.

De ganze Programm a weider Detailer fënnt een am Communiqué oder op www.museumsmile.lu