Ënnert dem Slogan "Wat hutt Dir haut gemaach?", mécht sech e Grupp vu regelméissegen Donateuren, déi d'UNICEF Global Parents nennt, de ganzen Oktober op d’Sich no Leit déi sech hinnen uschléisse wëllen fir och Global Parent ze ginn an domat all Mount, all Kand, iwwerall op der Welt ze hëllefen.

Wann ee "Global Parent" gëtt, ënnerstëtzt een d'Unicef laangfristeg duerch e bestëmmte Montant all Mount: 20, 30 oder 52 Euro, fir Kanner an den 1.000 éischten Deeg vun hirem Liewen ze begleeden.

Duerch esou en Engagement, kann d'Hëllef besser geplangt a koordinéiert ginn. Umelle geet ganz einfach op unicef.lu.

D'Vidosava Kuzmic vun RTL Télé Lëtzebuerg war mat zwee Global Parents, dem Julie an dem Vic, an de Malawi fir sech e Bild ze maachen wéi hir Donen all Mount hëllefen.

Eng Woch a Malawi mat der Unicef
Malawi, och dat "waarmt Häerz vun Afrika" genannt, ass eent vun den äermste Länner op der Welt.

Dem Victor Schalz säin Tagebuch


Wat hutt Dir haut gemaach ...?

D'Julie an de Vic sinn awer net déi eenzeg Global Parents déi sech all Mount fir d'Kanner asetzen. 10.000 Global Parents huet d'UNICEF zu Lëtzebuerg. D'Manon, den Änder an d'Marité erzielen wat si all Global Parents bewierken an invitéieren Iech datt Dir och ee gitt.

Zesumme baue si Schoulen, ginn de Kanner proppert Waasser oder hëllefen hinnen an Urgencen.


All Don zielt!

Wien 20 Euro de Mount spent, hëlleft am Beräich Gesondheet:

  • Mat nëmme 0,66 Euro pro Dag oder 20 Euro pro Mount, kënnt Dir mat therapeuteschem Iessen en ënnererniertent Kand während 2 Wochen behandelen.

Wien 30 Euro de Mount spent, schenkt dee ganze Mount laang Iessen:

  • Mat nëmmen 1 Euro pro Dag oder 30 Euro am Mount, kënnt Dir 200 Kanner géint d'Polio (Kinderlähmung) op Liewensdauer impfen. 

Wien 52 Euro de Mount gëtt, gëtt 100 Mënschen Drénkwaasser fir ee ganz Mount:

  • 1,74 Euro pro Dag oder 52 Euro am Mount ginn duer fir 100 Leit währen 1 Mount Pëllen ze ginn mat deenen si hirt knaschtegt Waasser nees proper kréien.

 

Impressiounen aus dem Malawi