Rekordverdächteg Zuele fir déi nei Krimi-Serie "Capitani". Bannent 24 Stonne gouf den éischten Episod méi wéi 28.000 Mol am Replay gekuckt.

En Dënschdeg den Owend war de Startschoss vun der neier Krimi-Serie "Capitani" op RTL Télé Lëtzebuerg an op eisen 3 Sitten RTL.lu, 5minutes.lu an op today.lu.

A manner wéi 24 Stonnen ass deen éischten Episod vu "Capitani" méi wéi 28.000 Mol (dovunner 2.100 mat franséischen Ënnertitel an 800 Mol mat engleschen Ënnertitel) am Replay gekuckt ginn.

Episod verpasst? Hei geet et an de Replay : op Lëtzebuergesch | mat franséischen Ënnertitel | mat engleschen Ënnertitel

Exklusiv Informatiounen op Instagram

Wien huet dann elo d’Jenny Engel um Gewëssen?

Den éischten Episod vu "Capitani" huet schonns all méiglech Pisten opginn a sou munch Verdächteger un d’Liicht bruecht. Zousätzlech zu der Serie gëtt virun all Episod, en exklusiven Chat-Austausch tëscht verschiddene Personnagen op eisem Instagram-Kont (@rtl.letzebuerg) gewisen, wou een déi eng oder aner zousätzlech Informatioun kritt.

Capitani-Instagram-Chat
Den exklusiven Chat-Austausch tëscht verschiddene Personnagen op eisem RTL-Instagram-Kont.

Et bleift spannend... Sidd dobäi, wann en Dënschden nees "Crime-Time" op RTL ass!