D'Frontfra vun der Band "The Muffs" ass dout. D'Musekerin ass un de Suitte vun ALS gestuerwen.

Zwee Joer laang huet d'Kim Shattuck géint hir Krankheet gekämpft. De Kampf huet si verluer. Hire Mann a Bassist vun "The Muffs", Kevin Sutherland, huet dëst op Instagram matgedeelt. Och d'Bandkollegin Melanie Vammen huet de Bäitrag gedeelt mam Saz: "Mäin Häerz ass fir ëmmer gebrach".

D'Sängerin wier friddlech ageschlof.

View this post on Instagram

My heart is forever broken

A post shared by Melanie Vammen (@melanievammen) on

"The Muffs" ware virun allem bekannt duerch Lidder wéi "Big Mouth" oder der Coverversioun vu "Kids in America".

D'Kim Shattuck war och Songwriterin an huet net nëmme bei "The Muffs" fir Hits gesuergt. Si hat och am NOFX-Lidd "Lori Meyers" matgesongen a war bei verschiddenen anere Bands mat dobäi. Als Bassistin a Sängerin hat si och ee Joer laang d'Band "Pixies" ënnerstëtzt. Och bei "The Pandoras", "The Beards" an "The Coolies" war si zäitweis Member.

Bei ALS - Amyotrophe Lateralsklerose - handelt et sech ëm eng Motoneuron-Krankheet, enger net heelbarer, degenerativer Krankheet, déi de motoreschen Nervesystem betrëfft. Viru kuerzem eréischt ass den hollännesche Futtballist Fernando Ricksen un ALS gestuerwen. Hie war 43 Joer al.