Wat geschitt, wann en dat aalt Doheem ausraume muss? D’Theaterstéck “En Haus wéi en Haus” wërft genau déi Fro op.

Sou gesi sech déi dräi Geschwëster, gespillt vum Annette Schlecher, Clod Thommes a Piera Jovic, nom Doud vun hirer Mamm an hirem Heemechtshaus erëm.

De Kënschtlerkollektiv Maskénada ass ëmmer op der Sich no aussergewéinleche Plazen. Dës Kéier dierf d’Regisseurin Tammy Reichling hir Theaterperformance an eidelen Haiser weisen.

AUDIO: "En Haus wéi en Haus" - Eng Theaterperformance vum Kollektiv Maskénada

"En Haus wéi en Haus" ass vun der Servais-Präis-Gewënnerin Elise Schmit. Eng Première fir déi jonk Schrëftstellerin: Et ass déi éischt Kéier, datt hiren Text eng Bühn fënnt. Ma si betount den Ënnerscheed tëscht dem Schreiwen an der Mise-en-Scène.

D'Stéck leeft bis den 10. Oktober um Lampertsbierg an duerno zu Ettelbréck. All Kéier gëtt et 15 Minutte virdrun der Inzenéierung e Rendez-vous, fir mam Public an d'Haus ze goen. Méi Informatiounen fënnt um Site vu Maskénada.