Den US-Kënschtler huet zu Paräis seng ëmstridde Skulptur devoiléiert, déi un d'Affer vun den Terrorattacke gedenke soll.

Dat 12 Meter héicht Wierk vis-a-vis vum Eiffeltuerm besteet aus enger monumentaler Hand, déi 11 faarweg Tulpen am Grapp hält.

D'Statu soll un déi 130 Doudeger erënneren, déi 2015 bei enger islamistescher Serie vun Attacken an der franséischer Haaptstad ëm d'Liewe komm sinn.

A Frankräich huet d'Wierk eng Kontrovers ausgeléist.

Kritiker bezeechnen den Tulpestrauss als "Zynesch" an gesi keen Zesummenhang tëscht faarwegen Tulpen an Affer vun Terrorattacken.