An der Nuecht vum 5. Oktober ass de Philippe Tome iwwerraschend gestuerwen. Een Auteur dee mat sengem Wierk vill BDs Lieser markéiert huet.

Zanter den 1980er Joren war hien aktiv, net nëmmen als Zeenarist, mä zum Deel och als Zeechner, deen d'Décoren fir Serien ewéi "Cubitus " a "Robin Dubois" realiséiert huet. Wéi hien de Janry kennegeléiert huet, huet den Tome (mat richtegem Numm Philippe Vandevelde) decidéiert, sech op den Zeenario ze konzentréieren. Esou ass ënnert anerem dee formidabelen "Sur la route de Selma" entstan.

Een Numm huet hie sech gemaach, wéi hien zanter 17 Joer mam Janry zesummen d'Aventure vu Spirou a Fantasio realiséiert huet, an där Serie dobäi méi eng modern Approche ginn huet, anengems awer och de Fundamenter vun der Serie, a virun allem deem wat de Franquin draus gemaach huet, trei bliwwen ass. Um Enn vun hirem Spirou wollten den Tome an de Janry nach ee Schrëtt méi wäit goen, an de Personnage méi realistesch duerstellen. "Machine qui rêve" war eng Album mat enger interessanter Approche, dee senger Zäit awer leider viraus war, an dofir net déi verdéngten Akzeptanz beim Publikum fonnt huet.

Nieft dem Spirou huet hie mam Janry zesummen och de "Petit Spirou" erfonnt, an domat zanter 1987 nei Jalonen fir de Genre vun der humoristescher BD definéiert. Virun allem awer ass seng Krimi Serie "Soda" ee Wierk, an deem hie vill verschidde Facette vu sengem Kënne mat afléisse gelooss huet.

Hien huet mat villen Auteuren zesummegeschafft, hat de Ruff ëmmer een oppent Ouer fir seng Kollegen ze hunn, a war mat Begeeschterung a sengem Beruff doheem. Ee Beruff fir deen hien d'Passioun fréi entdeckt huet. Mat 5 Joer war hien no enger Operatioun kuerzzäiteg blann. Seng Mamm huet him déi Zäit aus BDë virgelies, virun allem een Album ewéi de "Sceptre d'Ottokar" huet hie markéiert. Mat 14 Joer huet hien un éischte Fanzine matgeschafft, kuerz drop huet hie sech an Owescoursen ageschriwwen, fir d'Konscht vun der Bande Dessinée ze léieren. Do huet hien och zwee spéider Kollegen a Frënn, de Janry an de Stuf kennegeléiert.

Nëmme kuerz Zäit virun der Sortie vun deem neisten Album vum Petit Spirou an deem 14. Episod vum Soda ass de Philippe Tome elo mat nëmmen 62 Joer verscheet an hannerléisst ee grousst Lach.