No de Rollen a "Rosamunde Pilcher"- an "Inga Lindström"-Filmer krut de Lëtzebuerger Schauspiller elo och eng Roll bei "Traumschiff".

Den Tommy Schlesser huet de Lindström-Film knapp ofgedréint, scho steet den nächste grousse Projet fir de Lëtzebuerger um Programm. Den 23. Oktober flitt den Acteur a Marokko, fir um Set vum "Traumschiff" matzewierken. Bis Dezember wäerten d'Aarbechte fir hien daueren.

Zu senger Roll dierf den Tommy Schlesser net vill soen. Just esou vill: Hie wäert och zesumme mam neie Kapitän vum Schëff, dem Florian Silbereisen, virun der Kamera stoen.

Wéini de Film gewise gëtt, ass nach net sécher.