Eemol de Mount weise mer Iech jo hei bei eis am Programm Documentairen aus der Serie "routwäissgro".

Portraite vu Mënsche sou ganz ouni Filter an ouni Commentaire. "Zesummespill", esou heescht d’Episod, déi mir Iech dëse Sonndeg weisen, en Abléck hannert d’Kulissen vun der Philharmonie.

A wann d’Lëtzebuerger Musekszeen an d’Lëtzebuerger Filmzeen openeentreffen, da stécht och ganz dacks en "Tonnar" derhannert an dat ass och dës Kéier de Fall.

Dës Episod gouf nämlech realiséiert vum Yann Tonnar, Realisateur an Direkter vun der Lëtzebuerger Filmakademie. Mat him hu mir um Plateau iwwert seng Episod, awer och allgemeng iwwert seng Passioun vun de Portraite geschwat: am Film an an der Fotografie.