"Alles am grénge Beräich", esou d'Maggy Nagel e Méindeg iwwert de Schantje vum Lëtzebuerger Pavillon fir d'Weltausstellung zu Dubai d'nächst Joer.

Lëtzebuerger Pavillon / Reportage vum Sascha Georges

D'Kommissärin fir d'Expo war nach virun 2 Deeg op der Plaz. D'Aarbechte géife gutt virukommen, Zäit- a Finanztechnesch géif alles no Plang lafen.

"Et bougéiert. Et hëlt Form un. Baggeren, dausenden Aarbechter. Et gesäit een, datt d'Plaz ideal läit beim Metro a beim Zentrum."

Der Suerg ëm d'Aarbechtskonditiounen um Chantier gouf och Rechnung gedroen: "All d'Länner an den Organisateur hunn eng Charta ënnerschriwwen, fir Efforten ze maachen. Fir d'Emiraten ass et och eng Chance, fir an Aarbechts- a Mënscherechter Akzenter ze setzen."

De Pavillon vu knapp 2.800 Metercarré soll all d'Sënner vum Visiteur aktivéieren. Käschtepunkt ronn 30 Milliounen Euro. D'Diversitéit, d'Connectivitéit, den Entreprenariat, d'Nohaltegkeet an déi 6 Regioune vu Lëtzebuerg weisen. Op enger Weltausstellung geet et jo drëm, säi Land ze presentéieren a sech auszetauschen. Och mat der Regioun wou d'Expo ass.

"Lëtzebuerg huet gutt bilateral Relatioune mat den Emiraten, diplomatesch an ekonomesch. Mir hunn eng Ambassade zu Abu Dhabi, iwwer 30 Entreprisë sinn do implantéiert."

D'ULT bitt elo och Reesen op d'Expo un, dat mat direkte Volle vu Lëtzebuerg aus. Éischt Buchunge si gemaach.

A wien net bis op Dubai wëll, och hei am Land ass e Programm am Kader vun der Weltausstellung geplangt, dat ënnert anerem mat Live-Schaltunge vun Evenementer op der Plaz.

D'Weltexpo zu Dubai fänkt den 20. Oktober 2020 un an dauert bis den 10. Abrëll 2021. Iwwer 190 Länner si präsent. Bis zu 25 Millioune Visiteure gi sech erwaart.