Wann dat net dra steet, eigentlech kengem. Mä et kann een en Numm draschreiwen, e Stempel dramaachen oder en artistescht Zeechen drapechen: en Exlibris.

D'Wuert Exlibris kléngt wëssenschaftlech an e bëssi antik, an dës Bicherbesëtz-Zeechen ginn et schonn zënter Joerhonnerten. Fréier waren et vrun allem déi Adeleg oder och d'Abteien an d'Bibliothéiken, déi op déi Manéier d'Bicher markéiert hunn. Am Laf vun der Zäit huet sech d'Buch souzesoen demokratiséiert, et gouf ëmmer méi populär an alle Bevëlkerungsschichten a jiddereen huet sech seng Manéier gesicht fir säin Numm a säi Buch ze kréien. Dës "Pechbiller" ginn awer och gesammelt a souguer getosch.

Den historesche Wäert hänkt natierlech vum Numm vum Proprietaire of, de kënschtlerechen resp. materielle Wäert vum Artist bei deem d'Zeechnung an Optrag ginn ass. Ee Lëtzebuerger Artist op deem Gebitt ass den Zeechner a Schrëftsteller Pe'l Schlechter.

Déi eelsten Exlibrissen hei am Land sinn aus dem Ufank vum 17te Joerhonnert, zum Beispill vum Sebastian von Tynner oder vum Abt Pierre Roberti. Deem säin Numm dréit och eng Associatioun, de Cercle Pierre Roberti, déi esou Zeeche sammelt an zesummendréit.

De Jean-Marie Reding ass de President vum Cercle Pierre Roberti

Reportage Exlibris/Interview mam Jean-Marie Reding

De President vum Cercle Jean-Marie Reding hat sech selwer dräi Exlibrisse beim Zeechner Roger Leiner entwerfe gelooss.

Exlibris vum Roger Leiner gezeechent

D'Associatioun huet elo en zweete Band vum "Répertoire II de l'ex-libris luxembourgeois" erausginn an deem Exlibrissen aus Lëtzebuerg tëscht 1993 an 2000 opgefouert ginn. Et kascht 55€ an ass a verschiddene Librairien ze fannen.

Zousätzlech ass och nach den éischte Band ze kréien (20€) an e Spezial-Band mat nëmmen den Ex-Libris-Illustratioune vum Pe'l Schlechter (10€).