Zënter 3 Joer gëtt et am Conservatoire de Musique vun der Stad Lëtzebuerg eng Klass d’Art Lyrique.

Sangen a sech op der Bühn ausdrécken, doranner solle sech d’Studente perfektionéieren. A firwat net eng Oper organiséieren an opféieren?

A sou konnt een e Sonndeg am Conservatoire d'Zauberflöte, eng Oper vum Wolfgang Amadeus Mozart, gesinn an héieren.

Et ass natierlech eng reduzéiert Versioun vum Mozart senger Oper Zauberflöte, déi opgefouert gouf. Alles anescht hätt déi technesch Méiglechkeete vum Conservatoire iwwerschratt. Dat verhënnert awer net, dass d’Arie musse gesonge ginn. Virun engem richtege Public a virun enger Jury, déi am Public verstoppt sëtzt. Well d’Opféierung ass gläichzäiteg Examen. Eng gelleg Erausfuerderung.
Ausser der Musek vum Mozart ass alles home-made: Regie, Maquillage, Luucht, Deko, Museksarrangementer, a sou weider. Ee flotte Projet pédagogique.