D'Phänomen vun der Beweegung, sief et am wiertlechen oder am metaphoresche Sënn, ass een Thema, mat deem scho vill Kënschtler experimentéiert hunn.

"Worlds in Motion", "Welten a Bewegung", sou nennt sech eng thematesch Ausstellung mat Tableauen, Installatiounen, wéi och fotografeschen a filmesche Wierker vu 9 zäitgenëssesche Kënschtler aus der Mudam Kollektioun.

Nach bis den 13. Abrëll 2020 kann een d'Expo „Worlds in Motion“ am Mudam entdecken.