Am zweeten Tour konnt d'Jury sech fir hien a géint d'Amélie Nothomb decidéieren.

De Jean-Paul Dubois kritt dëst Joer de Prix Goncourt.

Den 69-Joer-alen Auteur krut de wichtegste franséische Literatur-Präis, fir säi Buch "Tous les hommes n’habitent pas le monde de la même façon".

Am zweete Wal-Tour huet d’Jury sech e Méindeg fir hien a géint d’Bestseller-Autrice Amélie Nothomb decidéiert. De Prix Goncourt ass mat symboleschen 10€ dotéiert a gëtt zanter 1903 verginn.