De Jochen Schmidt war deemools 19 Joer al an huet als Kand a Jonken erlieft, wat et heescht an enger sozialistescher Diktatur ze liewen.

Den Ament ass de Schrëftsteller zu Lëtzebuerg a schwätzt iwwer seng Erënnerungen als Kand zu Ost-Berlin. De Jochen Schmidt war gëschter am Lycée Aline Mayrisch an huet 5e-Schüler aus senge Bicher virgelies a mat hinnen driwwer diskutéiert, wéi seng Erliefnesser a senger fréierer Heemecht DDR waren.

Jochen Schmidt iwwer Erënnerungen an der DDR

Net déi selwecht Produkter hunn wéi am Westen, war dobäi nëmmen een Aspekt: Walkie-Talkien oder Pizza z. Bsp. Méi schwéier war et, datt een net konnt selwer decidéieren, ob a wat ee studéiere wéilt goen. Net d'Punkte waren aussschlaggebend, mä den Entourage aus deem ee komm ass.

Jochen Schmidt iwwer de Studium an der DDR

30 Joer nom Mauerfall schéngt et ëmmer nach e West-Ost-Ënnerscheed an Däitschland ze ginn.
Dat kéint sech och an de Walresultater an de verschiddene Bundeslänner erëmspigelen. De Jochen Schmidt relativéiert dat, gëtt awer zou, datt et economesch fir den Osten nom Mauerfall schwéier war.

Jochen Schmidt iwwer Situatioun OST-WEST haut

Datt d'Mauer fort ass, ass gutt, mä haut ginn et nach vill aner Maueren an der Welt géint déi muss gekämpft ginn, seet de Jochen Schmidt.

Den Owend ass hien och souzesoen als Zäitzeien am Ciné Utopia. Do gëtt de Kannerfilm "Fritzi" gewisen, eng däitsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun an där et ëm e Meedche geet, deem seng Frëndin Sophie 1989 an Ungarn an d'Vakanz geet an net méi zeréck kéint. Just säi Mupp Sputnik huet et dem Fritzi gelooss.

De Film "Fritzi" ass den Owend 5.11.2019 um 7 Auer am Kino Utopia ze gesinn. Duerno gëtt et eng Diskussioun mam Auteur Jochen Schmidt.