E Freideg an e Samschdeg gëtt et eng duebel Portioun Poetry Slam mat Soiréeën an de Rotonden an der Stad an am Prabbeli zu Wolz.

Et ass mëttlerweil déi 10. Editioun vum Poetry Slam de Lux'. A mat dobäi sinn ënner anerem Slammer wéi de Jérôme Pinel aus Frankräich, d'Meral Ziegler aus Däitschland de Markus Koschuh aus Éisträich an de Kollektiv "Géisskan" aus Lëtzebuerg.

Freideg, 8. November um 20.00 Auer.
Centre culturel régional Prabbeli, Wolz

Smaschdeg, 9. November um 20.00 Auer
Rotonden, Stad Lëtzebuerg

Een Avant-goût mat Videoe vun Optrëtter vun de Slammer fannt dir um Site vun de Rotonden.

Weider Evenementer am November

14.-16.11.2019: Inuk

D'Spektakel op Däitsch vun 8 Joe un an enger ongewinnter Kuliss, - eng Bühnestruktur, déi um Parvis vun de Rotonden opgeriicht gëtt - deen Theme wéi Isolatioun an Doheem thematiséiert.

22.11.2019: Chambre Noire

D'Theaterstéck mat Marionetten a Video vu 16 Joer un, op Englesch, iwwer d'radikal feministesch Schrëftstellerin Valerie Jean Solanas, déi op den Andy Warhol geschoss hat.

Dëst ass ee vun den Highlighten aus eiser Theatersaison. Déi international Press huet ganz gutt Kritiken driwwer bruecht. Als Plus gëtt et een Aftertalk nom Spektakel, Diskussioun mat der Metteuse en Scène an Experte vum Terrain.