Zanterdeem se am Joer 1933 fir de Public opgoungen, hunn nach ni sou vill Leit wéi dëst Joer d’Bock-Kasematten an der Stad besicht.

Dat huet de Luxembourg City Tourist Office e Mëttwoch am Nomëtteg confirméiert.

Tëscht dem 1. Mäerz an dem 3. November dëst Joer goufen eppes iwwer 152.000 Visiteuren gezielt. Dat ass e Plus vu Ganze 17% par Rapport zu zejoert.

Absolute Rekord-Mount war den August, wou sech eleng bal 29.500 Leit d’Kasematten ugekuckt hunn.