Vum 7. bis den 10. November ass dëst Joer nees de Science Festival am Gronn an der Stad.

Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an och vun deem fir d'Fuerschung organiséieren den Naturmusée an den Fonds National de la Recherche dëst Joer nees de Science Festival.

Bio, Chimie, Physik - Dat sinn dacks net grad déi beléiftste Fächer an der Schoul an awer si se u sech ganz interessant an och spannend. Dëse Weekend ka sech jidderee selwer dovun iwwerzeegen : experimentéieren an esou d'Naturwëssenschaften op eng spilleresch Aart a Weis entdecken. Et ass nämlech nees Science Festival am Gronn.

De Programm vum Science Festival fannt Dir um Internetsite.