Den erfollegräiche an och ëmstriddene Kinosfilm "Joker" huet weltwäit iwwer eng Milliard Dollar agespillt, en neie Rekord.

Den Joker, de psychesch kranke Batman-Géigner, gespillt vum Joaquin Phoenix, huet weltwäit iwwer eng Milliard Dollar agespillt. D'Comicverfilmung vum Todd Phillips ass domat den éischten "R-Rated"-Kinofilm, deen dës Hürd iwwerwonnen huet. Filmer, déi "R-Rated" sinn, dierfen an den USA vu Jugendlechen ënner 17 nëmmen a Begleedung vun Erwuessenen gekuckt ginn.

Bis ewell hat dat just "The Matrix Reloaded" mat knapp 830 Milliounen Dollar an den "Deadpool 2" mat 785 Milliounen Dollar gepackt.

Den Joker leeft zanter Ufank Oktober an de Kinoen. An den USA an a Kanada hat en op sengem éischte Weekend iwwer 96 Milliounen Dollar agespillt. Dat war do schonn e Rekord. De wéinst verschiddene Gewaltzeenen ëmstriddene Film huet deemno sämtlech Erwaardungen iwwertraff.

De Joaquin Phoenix spillt am Joker de Clown-Komiker Arthur Fleck, deen zu Gotham City duerch seng Liewensëmstänn zum Gewaltverbriecher gëtt. Beim Filmfestival vu Venedeg gouf de Film am September mam Gëllene Léif als beschte Film ausgezeechent.