De Musée muss fir d'éischt mat der neister Sécherheetstechnik equipéiert ginn, éier de Schatz ka presentéiert ginn.

Nodeems Ufank Oktober probéiert gi war am rheinischen Landesmuseum zu Tréier de berüümte Goldschatz ze klauen, wäert dësen eréischt vu Summer d’nächst Joer un nees ze gesi sinn. Dat huet de Musées-Direkter der Norichtegagence DPA géintiwwer confirméiert.

Virdrunner wäert de Musée mat neiste Sécherheetsstandarten equipéiert ginn.

De gutt 19kg schwéiere Goldschatz, de weltwäit gréissten aus der réimeschen Keeser-Zäit, deen aus ronn 2600 Mënzen aus purem Gold besteet,  géif bis dohinner op enger geheimer, gutt gesécherter Plaz gelagert ginn.

Säin archeologesche Wäert wier onbezuelbar.

Zwee Täter haten den 8ten Oktober probéiert mat Gewalt an de Musée eranzekommen an d’Vitrinn futti ze schloen, wat hinnen awer net gelongen ass. Zanterhier gëtt no deenen Zwee gesicht.