E Freideg huet Coldplay hiren 8. Album "Everyday Life" erausbruecht an zäitgläich annoncéiert, réischt dann on Tour ze goen, wann dat ëmweltfrëndlech geet.

Et ass zanter 2015 mat "A Head Full of Dreams" déi éischt Verëffentlechung. Den Album weltwäit presentéieren, dat wäert wuel nach e bëssen daueren.

Wéi de Coldplay-Frontmann Chris Martin confirméiert huet, geet d'Band eréischt dann on Tour, wann dat och méi nohalteg machbar ass. An engem Interview mat BBC huet hien erkläert, dass déi nächst Tournée déi bescht Versioun vun enger Tournée gëtt an och vill méi ëmweltfrëndlech.

"Mir wieren enttäuscht, wa se net klimaneutral wier. An dësem Punkt hu mir vill grouss Tournéeën hannerun eis. Mir veränneren eppes, fir datt et net méi esou ëm d'Huele geet, mä mir och eppes kënne ginn".

Den 42 Joer ale Museker wëll, dass all zukünfteg Toure vun der Band e positiven Afloss hunn: "Mir huelen eis Zäit, fir ze gesinn, wéi eis Tournée aktiv eppes Guddes bewierke kann..."

De Sänger huet awer donieft och annoncéiert, datt den nächsten Album aus 2 Deeler bestoe wäert an "Sunrise" a "Sunset" heeschen. Dat soll d'Astellung zur Ëmwelt vun der Band representéieren.

"Wann ee schonn de Privileeg huet esou vill ze reesen, weess een, dass mir all vun enger Plaz ofstamen. Op eng douce brittesch Manéier seet dësen Album aus, datt mir eis net anescht wéi all déi aner Mënschen op der Welt fillen..."

Den neie Coldplay-Album / virgestallt vum Bob Konsbrück