Viru 15 Joer huet den amerikanesche Bassist Michael League d'Grupp Snarky Puppy gegrënnt.

D'Combo zielt haut ongeféier 25 Kënschtler déi op der ganzer Welt optrieden, sou och de 25. November an der Rockhal.

Wann et am Ufank nach e bëssen zéi war, sou ass de Succès zënter 2010 an der Plack Tell Your Friends do.

2014, 2016 an 2017 gëtt Snarky Puppy all Kéiers mat engem Grammy ausgezeechent, wat natierlech déi extrem gutt Qualitéit vun der Grupp ënnermauert.

Snarky Puppy, eppes fir d'Amateure vun Jazz, Funk a Fusion.