Am Dezember kënnt de leschten Deel vun der Star-Wars-Saga an de Kino. Ma virdru wier d'Dréibuch bal an d'Ëffentlechkeet geroden.

Mëtt Dezember kënnt en eraus, den 9. Deel vu Star Wars, ma de Schluss wier bal schonn éischter un d'Ëffentlechkeet geroden. D'Dréibuch vum neie Film "The Rise of Skywalker" war op Ebay gelant, wéi de Realisateur J.J. Abrams e Méindeg an der US-Show "Good Morning America" verroden huet. Dat obschonn een immens virsiichteg gewiescht wier.

Et goufen zum Beispill just eng Handvoll Dréibicher gedréckt, op net kopéierbarem Pabeier. E Schauspiller hätt d'Dréibuch ënnert sengem Bett leie gelooss, wou eng Persoun vun der Botzekipp et fonnt huet a wuel weidergereecht gouf. Duerno wier et op Ebay opgedaucht.

Een aus der Filmfirma hat d'Offer gesinn a gemellt. D'Dréibuch hätte si doropshin nees zeréckkritt, sou den Abrams weider. Wiem de Mëssel awer geschitt ass, wollt hien net verroden.