De Kuerzfilm vum Lëtzebuerger Regisseur mat iraneschen Originnen hat am Abrëll um Luxfilmfest 2019 seng Premiere.

Zanterhier leeft en op Filmfestivaller weltwäit mat groussem Succès. Mëttlerweil gouf "PORTRAITISTE" op 70 Festivaller gewisen - zu Taormina gouf en als "Bijou émotionnel" tituléiert. Ganzer 30 Mol gouf de Film priméiert, um 18. Film Festival zu San Diego krut en de Präis als "Best International Short".

Diploméiert am Beräich Realisatioun huet de Cyrus Neshvad schonn eng Partie Kuerzfilmer erausbruecht: L'Orchidée (2012), Antoine (2014) a Fils (2017) goufe vu CYNEFILMS mat produzéiert a finanzéiert. Nieft dem Lëtzebuerger Filmpräis 2018 krut Fils weider 41 Auszeechnungen.