Dëse Sonndeg weise mer Iech op dëser Plaz nees eng Episod aus eiser Documentaire-Serie "routwäissgro".

Hei gi jo ëmmer Leit aus der Lëtzebuerger Gesellschaft portraitéiert. Zil ass et, dem Public en ongefilterten Abléck an hiren Alldag ze ginn.

Vu Chercheuren iwwer Leit mat ganz aussergewéinleche Beruffer, bis hin zu Mënschen, déi e besonneschen Alldag féieren, deen dem Grand Public vläicht net bekannt ass.

An 3 Staffelen "routwäissgro" hu mer scho munch Personnagë kennegeléiert. Deen, dee mer dëse Sonndeg awer ze gesi kréien, dierft muncher engem hei am Land schonn e Begrëff sinn: et ass de Paul Galles.

Mir hunn am Virfeld mam Realisateur Tom Alesch geschwat.