Nom grousse Succès vun der éischter Staffel ass et elo esouwäit ...

Den Datum, op deen d'Fan-Communautéit zanter Laangem gewaart huet, gouf annoncéiert.

E Samschdeg, den 8. Februar 2020, ginn déi zwou éischt Episode vun der zweeter Staffel vu "Bad Banks" ausgestraalt. Ze gesi sinn déi nei Episoden op ZDF.

All d'Episode vun der zweeter Staffel kënnen awer scho vum 31. Januar un an der ZDF-Mediathek "gestreamed" ginn.

An der zweeter Staffel erzielt de Regisseur Oliver Kienle, wéi sech d'Finanzwelt 6 Méint no der Kris entwéckelt huet.

Wéini gëtt d'Staffel 2 diffuséiert?

Samschdeg, den 8. Februar 2020, um 21.45 Auer (Episod 1 an 2)

Sonndeg, den 9. Februar 2020, um 22.15 Auer (Episod 3 a 4)

Méindeg, den 10. Februar 2020, um 22.15 Auer (Episod 5 a 6)