De Groussen Theater huet virun 2 Joer d´Iddi opgegraff, al Märercher erëm op d´Bün ze bréngen an dat mat reng lëtzebuergesche Produktiounen.

2017 war et de Rumpelstilzchen an dëst Joer ass d’Geschicht vum Rabonzel nei interpretéiert ginn.

"Rabonzel" am Groussen Theater / Rep. Patricia Baum

D’Märche vun de Bridder Grimm ass 1812 verëffentlecht ginn a gëtt elo an enger frëscher an zäitgenëssescher Adaptatioun gewisen.

D'Rabonzel daucht hei als eng ambitiéis Musekerin op déi an en 8 Meter héijen Tuerm agespaart gëtt, fir un hirer Musekskarriär ze schaffen.
Aus engem Klassiker ass also eng zäitgenëssesch Adaptatioun entstanen, déi Theme vun haut uschwätzt. Eent dovunner ass d’Jugend, hir Wënsch an hir Idealer. Dat Ganzt gëtt musikalesch ënnerstrach, mat neie Lidder a Kompositioune vum Gast Waltzing.

De Béisen, un deen d’Rabonzel verkaf gëtt, ass hallef Casting-Agent an hallef Hexer. Eng Roll, déi éischter méi düster a virun allem mysteriéis ass.

Dëse Samschdeg feiert d'Rabonzel Première a gespillt gëtt nach de Sonndeg an den nächste Mëttwoch am Groussen Theater.