Ee vun de berüümtste ronne Sonnebrëller vum John Lennon ass fir 137.500 Pond - ëmgerechent 165.000 Euro - online versteet ginn.

"Et ass dee legendäerste Sonnebrëll an er Geschicht vum Rock 'n' Roll", sot de Gabriel Heaton vu Sotheby's. D'Auktiounshaus hat domat gerechent, datt de Brëll vum Ex-Beatle, deen 1980 ermort gouf, ronn 8.000 Pond géing abréngen.

Den Alan Herring, deen Enn de 60er Joren als Chauffer fir d'Beatles geschafft hat, hat de Brëll en halleft Joerhonnert versuergt. Den John Lennon hat dee beim Erausklammen aus dem Auto op der Réckbänk leie gelooss.

E war op enger Plaz futti an hien hätt de Sänger gefrot, ob hien e sollt flécke loossen, sou de fréiere Chauffer. Den John Lennon hätt him geäntwert, e bréicht sech keng Méi ze maachen, de Brëll hätt hie souwisou just un "Fir de Look".