D'Wierker vun deene 16 Kënschtler sinn nach bis den 19. Januar an der Villa Vauban an am Cercle Cité ze gesinn.

Zanter 1991 scho schécken all 2 Joer een oder méi Curateure vu Lëtzebuerg, Tréier, Metz a Saarbrécken jeeweils véier Kënschtler an d'Course fir de "Prix d'Art Robert Schuman". An d'Aarbechte vun de 16 Artisten, déi dëst Joer selektionéiert goufen, sinn den Ament am Cercle Cité an an der Villa Vauban ze gesinn.

D'Ausstellung ass en intensiven Dialog tëschent deene 16 Kënschtler, wéi och tëscht deenen insgesamt 45 zäitgenëssesche Wierker. All zwee Joer dokumentéiert de Robert Schuman Konschtpräis op en Neits d'Entwécklung vum zäitgenëssesche Konschtschafen aus der Groussregioun an Europa.

Als Vertrieder fir d'Stad Lëtzebuerg goufe fir dës 14. Editioun vum Konschtpräis d'Aline Bouvy, d'Laura Mannelli, d'Claudia Passeri an den Eric Schumacher selektionéiert. Mat hinnen huet d'Curatrice Stilbé Schroede e Choix vu Kënschtler getraff, déi fir si perséinlech eng Pertinenz an hirer zäitgenëssescher Praxis hunn a sech an hirer Konscht och fir international gesellschaftlech Themen engagéieren.

D'Aline Bouvy gouf fir hir multidisziplinärer Aarbecht vum Jury mat enger „mention spéciale“ ausgezeechent. D'Kënschtlerin an hir Wierker erfuerschen d'Méiglechkeete vu verschiddenste Medien a spillt mat Kontexter.

D'Wierker vun deene 16 Kënschtler sinn nach bis den 19. Januar an der Villa Vauban an am Cercle Cité ze gesinn.