Dausende Leit hunn do no méi aussergewéihnleche Chrëschtdags-Kadoe gesicht.

De Maart, deen an de Woche virdrun och ënnert anerem zu Köln an zu München war, wëll alternativ Produiten ubidden. Kleeder, Konscht, Deko-Artikelen oder och Iessen a Gedrénks.

D’Organisateure beschreiwen hire Stijl Markt als Mekka fir déi, déi eppes Extraes baussent dem Mainstream sichen – hiert Zil ass et, Designer a Kreativer mat potentielle Clienten zesummenzebréngen.

Et géif een en Effort maachen, vu Joer zu Joer Ofwiesslung ze hunn, nei Aussteller dobäi ze kréien a Stänn ze fannen, déi beienee géife passen.

An der Mëttesstonn war et nach e bësse méi roueg, ma am Nomëtten hunn d’Leit d’Queue gemaach fir an d’Victor-Hugo-Hal. Den Entrée fir op de Maart doung bei 7,50 Euro.

D’Organisateuren zéien e positive Bilan vun der drëtter Oplag vum Stijl Markt – et géif ee vill bekannte Gesiichter vun de Jore virdru gesinn an d’Leit géifen och laang bleiwen.