An der Galerie Ceysson stellt den Ament de Lëtzebuerger Kënschtler Roland Quetsch seng neiste Wierker aus.

Dëst ass seng éischten Ausstellung zanter 5 Joer hei am Land. De Kënschtler bleift senger Thematik trei, Fragmentatiounen nennt hie seng Molereien, déi op den éischte Bléck éischter wei dräidimensional Skulpturen ausgesinn.

Seng Wierker gesäit de Roland Quetsch manner wei eenzel Tableauen, mä éischter als Objeten. Wéi hei a senger neister Serie, bei där d'Biller net méi just op der Mauer hänken. De Roland Quetsch geet des Kéier esou wäit, datt hie ganz Deeler erausschneit an op de Buedem stellt oder nach Tableauen accumuléiert.

De Moler gëtt schonn zanter Jore vun der Galerie Bernard Ceysson vertrueden. D'Galerie Ceysson et Bénétière huele net méi wei 4 bis 5 Lëtzebuerger Kënschtler an hirer Galerie op. Si sinn um internationale Marché vertrueden an hunn eng Galerie zu Paräis an zu Saint Etienne. Visibilitéit zielt mat zu de wichtegsten Aspekter, fir datt dem Kënschtler den Duerchbroch gelénge kann.

Nieft dem Roland Quetsch kann een den Ament och nach Wierker vum Lëtzebuerger Kënschtler Jim Peiffer a vum Schwäizer Moler Christian Floquet um Wandhaff gesinn an dat bis de 15 Februar.