"E Mënsch geréit eréischt an de Vergiess, wa säin Numm bis vergiess gouf", sou de Grënner vum Stolpersteen-Projet.

Fir dëst ze verhënneren, huet sech de Gunter Demnig eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Zanter den 90er Jore ginn europawäit op iwwer 1.000 Plazen déi sougenannten "Stolpersteng" verluecht. Steng aus Messeng sollen un d'jüddesch Victimme vum Nationalsozialismus erënneren. Se goufen am Trottoir virun de Wunnenge verschafft, wou d'Affer virun der Deportatioun, Flucht oder Festnam gewunnt hunn.

Mëttlerweil huet de Berliner Kënschtler eng Zuel vun insgesamt 75.000 Stolpersteng erreecht. "A wann d'Knéie mol net méi matmaachen, da kommen ech ebe mam Rollator a mengem agebauten Hummer a verleeën esou d'Steng", sou den 72 Joer ale Gunter Demnig der Augsburger Allgemeine géigeniwwer.

Och zu Lëtzebuerg gëtt op dës Manéier versicht ze verhënneren, dass d'Nimm vun de betraffene Persounen an de Vergiess kommen. Ënnert anerem zu Maacher an zu Esch an der Uelzechtstrooss goufen der eng Partie am Buedem placéiert.