Bei engem Neijoerschconcert stellt ee sech traditionell e klasseschen Orchester mat Wiener Walzer vir.

Am Escher Theater geet de Gast Waltzing aner Weeër. Um Mëttwoch hat de Lëtzebuerger Museker eng Trupp aus der Ukrain mat dem Lëtzebuerger Orchester Estro Armonico op der Bün. D’Resultat war spannend, awer sécher net klassesch. Escher an Net-Escher sinn an den Theater gestréimt, obschonns se keng Anung haten, wat op se géing duerkommen. E bësse Chaos, e bësse Folklor, Punk, Poesie, Politik. Dat gëtt eng ongewinnte Mëschung. Mee d’Leit hu sech drop agelooss, an um Enn war d’Begeeschterung grouss. Dem Gast Waltzing säin Experiment war gegléckt.

Dakh Daughters-Musek baut sech monoton op, fir an enger Mëschung vun Witz, Sarkasmus, Melancholie ze explodéieren. Entstoe vu Revolutioun quasi. D’Ukrainer wëssen, wat gemengt ass.

Revolutionäre Wand mat Sehnsucht no enger Zukunft, déi derwäert ass, am Escher Theater : Wat wëlls de méi ?