Den John Baldessari huet iwwer Joerzéngten d'Konzeptkonscht gepräägt a vill Kënschtler inspiréiert mat senge Foto- a Videoaarbechten.

Den US-amerikanesche Kënschtler John Baldessari ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen, dat huet seng Stëftung e Sonndeg confirméiert.

Fir de Frankfurter Städel-Musée huet de Kënschtler aus Kalifornien 2015 am Ganze 16 Collagen an engem grousse Format realiséiert, déi sech op Biller aus senger Sammlung bezéien. Dräi Joer virdrun hat de Baldessari de Kaiserring 2012 vun der Stad Goslar iwwerreecht kritt, e Präis, deen als ee vun de weltwäit wichtegste Präisser an der moderner Konscht zielt.

Seng Aarbechte sinn eng Kombinatioun aus Konzept, Fotografie a Molerei. Mat Schüler a Fans wéi Robert Longo, Richard Prince a Cindy Sherman huet den John Baldessari eng nei Generatioun mat konzeptionellen Aarbechte gepräägt.

Och fir säi Liewenswierk gouf de Baldessari e puer Mol ausgezeechent, ënner anerem krut hien 2009 de Gëllene Léiw op der 53. Biennale.