... si keng Moossen, heescht et am Sproch. Hei am Sënn vu ‚rengrassegen‘ däitschen oder franséischen Ausdréck, ...

... déi bei ville vun äis einfach esou (muttwëlles) eralafen. Ok, eis Sprooch ass nun emol (wéi Nidderlännesch, Dänesch, Skandinavesch) eng germanesch… net mat Houdäitsch ze verwiesselen… dat äis ower duerch de Schoulgebrauch, d’Press an haut vrun allem duerch d’TV ‚natierlech‘ méi op der Zong  an der Schreif läit. Dat manner gebrauchtent Franséisch an eiser ‚Mësch-Sprooch‘ schéngt enger Partie Leit net esou ze leien. Dat kënnt dacks dohier, datt si selwer alt net grad esou ‚fiederfoxeg‘ am de Gaulle senger Sprooch sinn, d’meescht kee Franséisch liesen a knapps oder glat näischt vu franséischsproochegen TV-Programmen halen. Dat ass schued, well d’Franséisch ass nun emol en Deel vun eiser beneidenswerter ‘Mëschkultur’ , deen eis Mammesprooch typesch vun allen anere germanesche Sproochen ënnerscheet... ower: d’Dier fir d’Englescht iwregens exemplaresch opmécht! Ee Grondprinzip sollen sech all déi an d’Jillistäsch stiechen, déi eis Sprooch publizistesch gebrauchen: Do, wou et eiser Wierder gëtt, hunn deer muttwëllesser purer däitscher oder franséischer Ausdréck näischt ze sichen, basta!... och wa ‘gemengt’ gëtt, wann um Radio, der TV oder en etlechen Zeitungsartikelcher e gellegen däitschen/franséischen Ausdrock e puermol gebraucht gëtt, da wier en ‘zeideg’ fir an eisen Dictionnaire (LOD!!!), ass dat ganz einfach dolaanscht... ‘donieft’, ‘à côté de la plaque’. Eng Bouneschlupp war, ass a gëtt nun emol ni eng ‘Bounenzopp/soupe aux haricots’; dann hale mir och eis Paschtéitchen, déi  (sproochlech) hei ewell laang virun der ‘bouchée’ oder der ‘Königinnenpastete’ geschmaacht huet. Deer Beispiller gëtt et leider mat den Honnerten. Och doriwwer wier dann emol e klenge ‘Concours’ fälleg, gelldir. Mir hale ‘bäi’!

Sech op Englesch bretzen

Natierlech huet kee verstännege Mënsch eppes géint dem ‘Harry Potter’seng Sprooch; mä och hei gëllt deen Deel vum Sproch, datt ‘zevill’ keng Mooss ass. Datt professionellt Spezialistegeschnadders am Beruff eng englesch Nues huet, kann ee verstoen, grad ewéi am Dokteschgespréich déi griechesch/laténgesch Ausdréck e ganz bestëmmte Sënn/Wert hunn. Mä firwat solle mir ower bei Reklamme mat engem ‘Neie Look fir Kids ab 10 Joer’ oder mat  ‘kindly boosten’ dorëmmer flankéieren? Wann dat nëmmen ass fir ‘guttzemaachen’, da schéngt engem dat ‘Jaddermunnesse-Lëtzebuergesch’ falsch op der Plaz:‘Brout BY Mett’ oder ‘Zoossiss BY Jang’; e spreadsheet downloaden... dat nennt sech op Däitsch ‘gestelzt’, wéi dat Déierche mat de laange Been um Waasser. An eiser Sprooch giff ee vu ‘gebeemt’ schwätzen; esou sinn eng ganz Partie deer glënnereg-gebeemter Ausdréck/Sätz an der Publicitéit ze fannen... déi dacks déi Allermeescht emol net zerguttst verstin (also dolaanscht!) ...a vu Leit opgesat, déi (héiflech gesot) dacks selwer net een eenzege Saz proppert Englesch schwätze kënnen. Deemno, wat soll dat ‘Gebretz’?

Muss dat sinn?

Ass iech bewosst, datt mir Ausdréck a Sazdeeler am Lëtzebuergeschen hunn, déi een dacks ëmsoss an iergendenger anerer Sprooch siche geet? Do héiert een dann: Ech hunn dat nach ni héieren/gebraucht; ower wat soll dat dann heeschen? Mengt jo net, jidfer Fransous oder Englänner hätt all Wuert aus dem Larousse/’Oxford’...am Gebrauch. Mä mir hunn et nun emol zevill einfach, fir aus enger ‘Spléck’ eng ‘Spalt’ ze maachen, aus ‘ernimmen’ en ‘erwähnen’, aus ‘baussent’ e schéint däitscht ‘ausserehalb’. ‘Sidd opmierksam’ schéngt leider och ville Leit méi glënnereg wéi ‘Passt op’. An eisem klenge Concours fir ‘authentescht’ Lëtzebuergesch hu mir esouvill ‘Guddes’ erakritt, datt een e klengen Dictionnaire kënnt plangen. Datselwecht fannt dir am Bichelchen ABEEJO, dat iwregens nach ëmmer an eise Bicherbutteker ze kréien ass... dat wäert och nach weidergoen, an zwar nach vill méi an d’Breet! Vläicht kënnt een esouguer drun denken, eiser plazeweis eemoleger Sprooch e klengen Eckelchen an der Hickecht vun de sougenannten ‘immaterielle Werter’ vun der UNESCO ze verschafen. Iwwerdriwwen? Vlächt emol net. Mir spannen dee Fuedem emol gedëlleg virun.

Aus eisem Concours

Wéi dëslescht versprach, kritt dir dann hei nach eng ‘Gaaschel’ Sätz nogeliwwert, déi eis fläisseg ‘Mataarbechter’ fir déi flott Spillerei erageschéckt haten(d’Haaptacteure fannt dir an deer leschter KLACK-Nummer); et sinn se nach laang net alleguer. Schneit iech se vläicht eraus, a probéiert emol heiansdo och alt nëmmen eng däitsch Iwwersetzung ze maachen; natierlech ass et méiglech, datt een an Dictionnaire vun deer ‘anerer Säit’ alt emol ‘Famill’ ka fannen...

Iwregens kritt dir all déi 257 Nummere vun eiser KLACK och elo – no deer zolitter Aarbecht vum Patrick Kaell an dem Tom Weidig – op eisem Internet-Site!

Hei da fir haut:

Déi Brosel geheit alles op d’Kopp – De Jang ass en Trëllert/Dëlpes/Topert/Dabo – Päerdsbier ass e gutt Gebeess – Eis Gued stréckt nawell zerguttst – Gesolpertes aus der Haascht, eng Schlabäizi – eng Héiss gëtt eng geschméicheg Brittzopp – Hal op mat deem Rolzen – Wat hunn déi eng Wull am Tirang – De Jim huet e Verhalt wéi eng Seibecken – Gëff dech mat deem Gejupps – Hatt huet de Buuscht voller Knätzelen – Wat deen Tuddeler e Kabes braddelt! – Dat Bëtschel stiicht elauter Dabozegkeeten – Schnauwen a Jicken ass méi schappeg wéi patschen – Looss dech net an engem Stéck verkëppen – Ech strecken déi verknujelt Kappzich – D’Kënn war schappeg vermoschtert a verkoschtert – D’Jeanne bitzt mat Stëppelkotteng – De Schlammen hippt deierlech mat de Krätschen – Hie jummt d’Keeleklatz laanscht den Dill – Eng Harespel wibbelt am Spaweck – Sief net esou kuuschteg – Op der Schläich/Schëffel kann een de Koplabunz schloen – Hatt ass mat engem aneren doduerch – Dee Blatzkueder huet eng Fisemin wéi eng Bokemaul – Entnäip net nieft engem Seejomëssekoup – De Knéckjang huet eng heemlech Mouk – Piddel déi sëlleche Kénge vun de Gromperen – Dat do ass kee Gemaufels fir e Schaardechen – Dee Wouscht puche mer op den Tipp – De Jos ass ferm bei d’Lisett gelooss ginn – Huel e Schnappeg fir däi Geschnuddels – Déi Ham ass muedseg an huet e Schmecksert – Do hues du dech vertrëppelt – De Jang huet sech bei deem Geschlupps begladdert – Maach kee Gedäisch,’t ass net dowäert – De Pätter ass an d’Piffkaul getrollt – Gëff dech mat deem Gepinschs – Dee Klunnes muss elo d’Pan klaken – D’Jippelcher klammen nach net op den Héngerjuck – Dem Siss säi Knëff ass en topege Flantes – Dat aalt Streckeise flitt an d’Dreckskëscht – Looss der net fléiwen a maach dobäi – Passt mat deene Späizmännercher op – Ech sinn erféiert, datt d’Dronkenelle mir ausgaang sinn – D’Gréid ass bänzeg op Porettenzapp – Maach e Flapp Moschter op dee Wupp – Hei an deem Pull si Kauzekäpp – Et ass eng Harespel an der Spënnchen – De Jos tommelt sech, fir d’Bauzen ze sträichen – Dee Schnuddeler braddelt ouni sech ze ginn – Ech hat e fatzegen Hick – Hie stong potzpuddelplakeg an der Schwämm – Mich, begann dech an träntel net esou – Hatt hat sech houfreg erausgeviizt – Ech gi mir do dach keng rappen – Hatt hat hien esou noneegemeet, dat näischt méi ze radette war – De Pol läit do ze motzen – De Pir ass d’ënnescht d’iewescht gefal – Äre klenge Krappert ass e Kriddelschass – Elo gin ech een huelen – Op dech gëtt Holz getässelt – Anni, maach e bësse Gréiwen op d’Kniddelen – Mir haten e ganze Koup Kuddelfleck gebafft – Dee Kaffi ass fuddelege Schluutchen – Du has mir eng ferm gekréckelt – De Päinetsch ass mer am Dëppe verbratscht – Ech krut eng Kamell nogehäit – Hie krut eng mat der Schmack gefacht – Maach d’Miissi  lo schéin eizi – Dee geet elo geschwë kappen – Hal d’Aen am Grapp – Kuck emol, wat déi kleng Strutz sech ewell mécht – Eist Duerf läit dem Honn hannen – Looss déi Saach nach eng Grimmel mautschen – D’Jéis ass e vermengtent Bëtschel – Hien hält sech dru wéi de Geck un de Bengel – Et reent riicht eran – Deen Zodi dauert ewell e Strapp – D’Kett ass al gouereg ginn – Fläiss dech, et huet ewell ofgelaut – De Vic ass e fatzege Luussert – D’Modi mécht Fisematenten – Dat do ass mir eendun – Mä ech hal(e) wuel jo – Sief net sou glott – De Jos ronkt nach am Solper – Wëlls du eng Schipp oder e Schierteg – Maach de Spunnes mat dir – Sief net esou glott an tockskäppeg – Gëscht war et eng ferm Hänkecht ginn – Kréckel mir keng – Klibber mech, du Hauli – Wat hu mir der dacks gestiicht – De Bak blouf mir opstoen – De Frippchen huet gebinnert a gegotzelt – Deen ass esou rabbeleg, nach Haut a Schank – D’Zara war ni buuschteg an huet s’all begaachelt – Gëff mir e Fixspoun fir eng unzemaachen – Ech knaen déi kruppseg Knaus – Hal op mat Pinschen, dees Gesours hu mir sat – Looss dat Geräbbels nëmme leien – Piddel dee Roff net op – Mir hunn d’Geléng a woodlegem Waasser entdeet – Ech netze mat der Stränz ouni Zull – Maach näischt zum Onwee – Wat bass du e flappege Luppes – D’Schnauer bretzt sech mat hirem ellene Blani – Dee Jelli geet ewéi Zitz – Dat bëselt, wéi wann et leefeg wier – Dat  Gedéngels geet mir net – Ech krut den Ducksall gestëbst – De Jang ass erëm op der Kéier – De Misch ass net vun der Heck gepléckt – Deen hat mech bal ermëlzt/erdëmmelt – Dee krut beim Meeschter de Sak – Dorun hunn ech laang kalennert – De Jos huet näischt an der Schierbel/Klatz/Bëls – Hien huet d’Saach d’Baach eragekéiert – D’Luucht geet zou an et himmelliicht – Ech fleeten dech voll – Elo hues du Deng komme gelooss – Mir sinn alt erëm um Dill – Biergaus ass et knubbeleg – De Pol ass erëm verspellegt – Do war ech nees al erféiert – Deen Dräibiz ass och nach en Tockskapp.