D'Stand-Up Comedy ass e Format, dat zu Lëtzebuerg nach net esou richteg Fouss gefaasst huet.

A Stied wéi Bréissel a Paräis kréie jonk an erfuere Komiker op klenge Büne reegelméisseg eng Plattform gebueden. Dat soll och elo zu Lëtzebuerg de Fall gi mam Nasty Comedy Club, deen en Donneschdeg, den 9. Januar 2020, an der Stad seng Première hat.

D'Florencia Quiaios huet e puer Joer zu Lëtzebuerg am Medieberäich geschafft, éier si op Paräis geplënnert ass, wou si elo als Produktiounsassistentin un de Spektakele vum Komiker Haroun matwierkt. An deem Kontext ass och d'Iddi entstanen, fir zu Lëtzebuerg Stand-Up Comedy unzebidden.

Fir déi éischt Editioun vum Nasty Comedy Club hunn d'Organisateuren op 3 erfuere franséisch Komiker gesat. De Ghislain Blique, de Louis Chappey an den Nassim Mellah hunn de Spectateuren hir Laachmuskelen dann och schounungslos ugegraff. Och fir d'Profien ass déi permanent Konfrontatioun mam Publikum wichteg, fir hir Texter ze perfektionéieren.

Een Donneschdeg am Mount ass dann am "Gudde Wëllen" vun elo u fir den Nasty Comedy Club reservéiert. D'Organisatrice schléisst net aus, d'Formule och op aner Sproochen z'erweideren, wa sech interesséiert Stand-Up-Komiker mellen.