De 67 Joer ale Museker huet ouni Zweiwel zu de beschte Batteuren op der Welt gezielt. En Dënschdeg huet hie säi Kampf am Spidol verluer.

Confirméiert huet dës Informatioun och e Porte-Parole vun der Famill dem "Rolling Stone" géigeniwwer. Hie soll schonn en Dënschdeg zu Santa Monica a Kalifornien an engem Spidol gestuerwe sinn. 3 Joer laang huet hie sech vun der Ëffentlechkeet distanzéiert a géint en Tumor am Gehier gekämpft, allerdéngs ouni Gléck.

E Freideg den Owend eiser Zäit huet sech dann och seng Band Rush zu Wuert gemellt an déi traureg Nouvelle matgedeelt.

Zënter 1974 war de Neil Peart feste Bestanddeel vun der Rockformatioun Rush an huet bis zu sengem Doud zu engem vun de beschte Batteure vun der Neizäit gehéiert. Ënnert anerem enger Lëscht vum "Rolling Stone" no géif hien op déi 4. Plaz vun de beschten 100 Drummer kommen.

Aus familiäre Grënn huet hie sech dunn 2015 zeréckgezunn, Ufank 2018 huet Rush annoncéiert, dass et onwarscheinlech wier, nach eemol ze touren an esou d'Enn vun der Band ugekënnegt.

Zu de gréissten Hits vu Rush zielen "Tom Sawyer", "Limelight", "Subdivisions" a "Fly By Night".