Wat kann den Entourage ënnerhuelen, wann e mierkt, datt een en Alkoholproblem huet?

Eng «Interventioun» aberuffen an déi Persoun mat der Wourecht konfrontéieren? Dat passéiert dem Lily (gespillt vum Eugénie Anselin), wat vum Annika, Frans an Akasha (gespillt vum Elisabet Johannisdottir, Anouk Wagener a Raoul Schlechter) op seng Sucht ugeschwat gëtt. Mä d'Situatioun entgleist...

Déi däitsch Dramatikerin Rebekka Kricheldorf ass dofir bekannt, datt si bësseg an direkt ass. Dat ass hir Aart, fir brisant Themen op der Bün unzeschwätzen. An dat huet och der Regisseurin Sandra Reitmayer beim Stéck «Interventioun» gefall.

«Intervention» leeft nach bis de 29. Januar am Kasemattentheater.