Schonn als Kand hat den André Jeitz e Faibel fir Konscht. Mat nëmme 14 Joer hat hie seng éischt Konschtausstellung an der Stad Lëtzebuerg.

Iwwert d'Joren huet hie sech eng Renommee wäit iwwert d'Grenze vum Land eraus opgebaut. Wie sech op der Plaz wëll e Bild vun de Faarwespiller a senge Konschtwierker maachen, huet vum 22. Januar bis 3. Februar am Cercle Munster d'Geleeënheet dozou.

© André Jeitz

Ëffnungszäite vun der Ausstellung:

Méindes bis freides vun 11 Auer bis Mëtternuecht
Samschdes vun 18 Auer bis Mëtternuecht
Op Rendezvous: méindes bis freides vun 8 bis 11 Auer

Méi Informatiounen iwwert den André Jeitz fannt Dir op senger Websäit.