No de satiresche Réckblécker "Sorry fir deen Duercherneen" (2017) a "Märd alors!!!" (2019) ginn déi zwee Artisten nees 2020 op Tournée.

De Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit ginn 2020 mat engem neie Programm op Tournée. Eng zäithistoresch Chronik a satiresche Réckbléck vun de 60er Jore bis haut, ënnert dem Titel "Fréier wor alles …".
Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekskassett bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie. Vu Bonanza bis zum Game of Thrones. Kuerz: et geet ëm d'Wendung mat der Maus.

Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mä kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mä och mat de passende Lidder an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.

D’Première ass de 16. Januar um 20 Auer an der Schungfabrik zu Téiteng

Weider Rendez-vousen am Januar an am Februar sinn

22.1.2020 Kulturfabrik - Esch-Uelzecht (20h00)

30.1.2020 Centre National de Littérature zu Miersch (Ufank 19h30)

6.2.2020 Centre Wax, Sall "um Späicher" vun der Konschtmillen-Péiteng (20h00)