2003 gouf d'Märchen "Rotkäppchen" eng éischte Kéier gespillt an elo 17 Joer duerno ass d'Produktioun vum "Traffik Theater" nach ëmmer e grousse Succès.

Déi original Geschicht vun de Bridder Grimm gehéiert zu engem vun de bekanntste Märercher, eng fantasievoll Geschicht, déi u sech och eng ganz brutal Säit huet. D'Patricia Baum war en Donneschdeg de Moie bei der Virstellung am Escher Theater mat dobäi.

Ëm déi 450 Mol hunn den Dan Tanson an de Michel Boulanger schonn d'Inzeenéierung vum "Rotkäppchen" gespillt. An de leschte Jore sinn si vill mam Spektakel getourt, dorënner Italien, Däitschland, Frankräich an Washington DC. Ma virun dem wuel éierlechste Publikum, nämlech de Kanner, si si trotzdeem nach nervös.

Vill Zäit hate si net, fir erëm ze prouwen, ma d'"Rotkäppchen" hu si awer no esou villen Optrëtter nach am Blutt. Mat engem Cello, russesche Poppen an e puer Objeten aus dem Alldag hu si eng ganz simpel Form fonnt, fir déi eigentlech brutal Geschicht vum "Rotkäppchen" z'erzielen.