Déi kulturell Rendez-vouse fir de Weekend: Architektur Promenade, Concert am Atelier, "Süden" am Groussen Theater, Jazz-Festival am Gronn...

Architektur-Promenade an der Stad (19.01)

Déi nei Saison vun de "Promenades architecturales du dimanche" fänkt un. D'Visitten, déi ugebuede ginn, an Zesummenaarbecht mam Musée Dräi Eechelen, MNHA an Histoire Urbaine Luxembourg, si gratis a gi vum Historiker Robert L. Philippart gemaach. E Sonndeg geet et lass mam Thema "Art Nouveau, Art Déco et Modernisme". Eemol de Mount kann een hei matgoen an déi verschiddensten historesch an architektonesch interessant Plazen entdecken.

D'Informatiounen zu de Visitte fënnt een um Site vum Musée Dräi Eechelen.

Arcadian am Atelier (18.01)

Arcadian huet bei der 5. Staffel vun "The Voice" a Frankräich matgemaach an hunn et bis an d’Halleffinall gepackt. Virdrun hunn si dacks an der Metro zu Paräis oder an diverse Caféë gespillt. Hiren éischten Album hu si 2017 erausbruecht an haut leeft hiert Lidd "Bonjour, Merci" um Radio erop an erof. Déi 3 Museker hunn eng immens grouss Presenz op der Bün a genee dovu kann ee sech e Samschdeg den Owend am Atelier iwwerzeege loossen.

"Süden" Première am Groussen Theater (18.01)

Et ass d’Joer 1861, méi genee den Owend virum Ausbroch vum Biergerkrich tëscht den Nord - a Südstaaten. En Evenement, deen am Theaterstéck "Süden" traitéiert gëtt a Form vu 5 jonke Mënschen, deenen hiert Liewen elo op der Kopp steet. Iwwerfuerdert mat hiren Emotiounen, gerode si un hir perséinlech Grenzen. Theme wéi Sexualitéit, Identitéit an d’Fro vun der Schold ginn esou am Theaterstéck verschafft. D’Regie huet den Thierry Mousset iwwerholl, mat enger däitsch-lëtzebuergescher Schauspill-Besetzung.

D'Stéck vum franséischen Auteur Julien Green war 1953 hei zu Lëtzebuerg an an aneren europäesche Länner verbuede ginn. D'Première ass e Samschdeg am Groussen Theater a "Süden" gëtt nach bis de 25. Januar gespillt. Dono geet et weider op Mainz, Saarbrécken a Berlin.

RESET - Jazz Festival an der Abtei Neimënster (17. - 18.01)

De RESET-Festival geet a seng 3. Editioun. De Museker Pascal Schumacher huet deemools de Projet an d’Liewe geruff, fir dem triste Mount Januar eng Jazz-Nout ze ginn. Den Esprit vum klenge Festival zeechent sech virun allem duerch seng Zesummesetzung vun de Museker aus. 8 selektionéiert Artisten aus ganz Europa hunn 10 Deeg geschafft, fir eppes Neies ze schafen. Hei geet et drëm, mat sengem Instrument ze experimentéieren, ze improviséieren an sech ze erneieren. Wichteg ass et hei awer och sech opzemaachen a säi Wëssen iwwert den Jazz fir eng Kéier ze vergiessen.

RESET Festival (2018)
De Reportage vum RESET Festival 2018