Kléngt gelungen, ass awer dem däitsche Profi-Cyclist Robert Förstemann 2012 gelongen, op engem Vëlo, dee mat engem Toaster verbonne war.

Wann een elo op dës Manéier déi ganz Energie wéilt produzéieren, déi mer hei zu Lëtzebuerg verbrauchen, bräicht ee 500 Roberte pro Awunner, déi Dag a Nuecht géife pedalléieren. A genee dat huet huet déi Lëtzebuerger Compagnie "Les FréRéBrides" fir hir neiste Projet inspiréiert.

Si ass fir hir onkonventionell an interaktiv Projete bekannt, setzt sech an hirem neiste Stéck mam Thema Klimakris auserneen. Déi véier Schauspiller si fir hir Rolle vun hirem ganz eegene Bezuch zum Klimawandel ausgaangen. D'Frédérique Colling reflektéiert an dësem Stéck iwwer Geschichten, déi sech zënter der Kandheet an eis verankert hunn.

A  „Robert(s)“ gëtt also net just vun Ökologie geschwat, ma d'Iddi dohannert ass et och, fir ee Spektakel mat engem minimalen CO2-Foussofdrock ze kreéieren. Inspiréiert vum Robert Förstemann, huet d'Equipe decidéiert, fir déi néideg Energie mat 12 Vëloen ze produzéieren.

Ëm d'Luucht op der Bün muss sech de Public bekëmmeren.  Bei der Schoulvirstellung am Kulturhaus zu Nidderaanwen haten d'Schüler kräfteg an d'Pedalle gedréckt.

D'Theaterstéck Robert(s) kann ee nach de 25. Januar am Kinneksbond zu Mamer gesinn.