Zanter 2009 gëtt dru geschafft, dëst Joer sollen d'Aarbechte vum CNCI, dem "Centre National de Culture Industrielle" sech konkretiséieren.

AUDIO: CNCI / Rep. Tim Morizet (28.1.2020)

Zu Téiteng gouf e Méindeg de Moien a Presence vun der Kulturministesch Sam Tanson eng Konventioun ënnerschriwwen, fir d'Professionalitéit vun der Asbl ze garantéieren.

Et ass eng Subventioun vu 50.000 Euro, déi et dem CNCI soll erlaben, eng Persoun Vollzäit anzestellen an esou Schrëtt fir Schrëtt hir Aarbecht ze professionaliséieren. Konkret heescht dat, datt an enger éischter Phas e Reseau tëscht den Asblen, déi dës historesch Sitten uechtert d'Land verwalte sollen, geschaaft ginn, fir hinnen esou och méi Moyennen zur Verfügung ze stellen, sou d'Marlène Kreins, Presidentin vum CNCI.

"Et geet drëm, déi verschidde Strukturen ze valoriséieren an e dezentrale Reseau ze schafen, wou zesumme kënne Projete gemaach ginn. Et drëms eng Ulafstruktur ze kreéieren, wou alleguer dës Associatioune sech kennen erëmfannen."

Ugefaange gëtt am Minette esou d'Kulturministesch Sam Tanson.

"Dat natierlech well de Süden eng räich Regioun ass, wat den Industrie-Patrimoine ugeet. Mä och well d'Joer 2022, Esch an d'Regioun ronderëm wäert Kulturhaaptstad sinn. Dat heescht, mir hunn do e ganz konkreten Ophänkert."

Et soll nohalteg geschafft ginn, also och iwwert d'Kulturjoer eraus. Laangfristeg sollen och aner Sitte mat agebonnen, wéi zum Beispill zu Maartel a Rouspert.

An engem 2. Volet geet et der CNCI haaptsächlech ëm d'archivéieren. Et hofft ee spéiderhin op en offiziellen Industrie-Archiv zeréckgräifen ze kënnen. Elo wéilt een awer hëllefen, déi individuell a lokal Archiven ze verbesseren, präziséiert de Misch Feinen, President vun der Industriekultur.

"Souwuel an der Infrastruktur, souwäit et néideg ass, awer natierlech och mat der Ekipp, déi no an no soll entstoe vun Experten an der Formatioun an der Ausbildung, fir datt se hir dezentral Aarbecht nach besser kënne maachen."

Wou den CNCI oder och d'Industrie-Archiv hiert neit Doheem kéint fannen, bleift weider opstoen. Et wier den Ament keng Prioritéit, e feste Standuert ze fannen, esou d'Kulturministesch. Dëst wier e Prozess, deen nach e puer Joren dauere kéint.