Dir frot iech natierlech, wat dat soll sinn.

Hei hu mir et mam ‘Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch‘ ze dinn, deen – grad ewéi d’Regierungscommissariat fir eis Sprooch – duerch   d’Gesetz vum 20.07.2018 ageféiert guff, a bannent deem mir dann och de ‚LOD‘ fannen, déi Institutioun, déi sech ëm de ‚Lëtzebuerger Online Dictionnaire’ bekëmmert, mat deem der ewell vill vun iech ze dinn haten. Mam ZLS hätte mir dann en héichoffizielle ‘Gremium’ fir eis Sprooch-Praxis, souzesoe fir d’Versuergen a Weiderkomme vun der lëtzebuergescher Sprooch, op d’Manéier wéi dat ënner aneren Nimm fir d‘Sproochen de Fall am Ausland ass.  ‚Iwwer‘ dem ZLS an dem LOD fanne mir dann den CPLL (Conseil permanent pour la langue luxembourgeoise), eng Commissioun, déi eng Zort ‚Steierrad‘ vun deem ganze Sproochkomplex ass. Dëse Conseil ass, dem Sënn vum Gesetz no, och déi definitiv Instanz fir de LOD-Dictionnaire! Natierlech kann ee sech och d’Fro stellen, ob do net op eemol zevill Käch an der Kiche sinn…

D‘Gesetz vun 2018 (portant promotion de la langue luxembourgeoise) steet um Fong vum Sproochgesetz vun 1984, dat sech op den Artikel 29 vun eiser Constitutioun stäipt; dee seet, datt den emploi des langues défini par la loi soll ginn… just hei si mir jo um gudde Wee, fir eiser Sprooch däitlech (expressis verbis) als dem Idiom vum Land seng Plaz an der Verfassung ze ginn… mol kucken.

Dat hei schéngt elo eng Grimmel technesch-dréchen an net fir jiddereen intressant ze sinn. Et soll ower kloer an däitlech festgehale sinn. Dir frot iech elo, wou bei deem Ganzen dann d’Actioun-Lëtzebuergesch steet. Mä déi war a bleift e ‚private‘ Veräin, eng ‚a.s.b.l., déi sech elo bal zënter 50 Joer fir d’Lëtzebuergescht asetzt; dat op hir Manéier ELENG an net ze knapps! Mir kënne roueg schreiwen, ënnersträichen a behaapten, datt et ouni eisen an eisen treie Membren hire Veräin mat Sécherheet d’Sproochgesetz vun 1984 an elo dat mat all sengen Elementer vun 2018 NET giff ginn. De Géigendeel ass net ze beweisen.

D’Actioun-Lëtzebuergesch huet déi allerbescht Relatioune mat allen offizielle ‚Gremien‘,déi et haut fir eis Sprooch gëtt: dem CPLL; dem Commissariat an ZLS; doduerch indirekt och mat de Ministèren, wou et an der Praxis ëm d’Sprooch vum Land geet.

De Commissaire Marc Barthelemy war bei eisem Comité op Besuch an huet mat äis iwwer d’Zesummenaarbecht diskutéiert; datselwecht war de Fall fir den Direkter vum ZLS, de Luc Marteling, bei deem ech d’Éier hat, dëslescht invitéiert ze sinn; mir zwéi sinn, zënter 500 Artikelen, déi ech op ‚sengem RTL.LU‘ gemaach hunn, trei Frënn. Mir hunn äis natierlech am ZLS och iwwer de ‚Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD)‘ ënnerhal; vrun allem iwwer dat, wat kann/soll/muss dra stoen… a wat net onbedéngt dra gehéiert, z.B.: Ausdréck, déi muttwëlles aus anere Sproochen an de LOD gequëtscht ginn, wou mir der ganz kloer selwer haten an (nach) hunn. E gutt Beispill dofir sinn déi iwwerflësseg Zesummesetzunge mam ‚Prefix ZRÉCK‘ (-ginn,-kommen, -fueren) domat ermëlze mir  typesch Elementer vum Lëtzebuergeschen, well  do ‚hannescht-, rëm-, hannerzeg erdëmmelt ginn; dat ass genee esou koppeg, wéi wann et am Franséischen heescht ‚je pars à Paris‘, fir ze soen, et giff een OP Paräis fueren; leider begéine mir esou Schluddereien och an der ‚langue de Molière‘ ëmmer méi… an da gëtt dat mam sakrosankte (mëssbrauchte) Begrëff ‚modern‘ verkleet. Mir ginn äis ënner villem aneren drun, datt Sproochkuebereie fir d’Lëtzebuergescht net och nach am LOD ‚offizialiséiert‘ ginn.

Kleng Tricken

Fir eng Sprooch ‚praktesch‘ ze léieren, do gëtt et allerlee kleng Tricken, deer jidderee vläicht ewell selwer bei/fir sech gebraucht huet. Een dovu sinn déi sougenannt ‚Wuertfelder‘. Rondrëm d’Iessen an d’Drénke kann ee ganz flott ‚Gespréichercher‘ a jidfer Sprooch maachen; datselwecht gëtt et och fir de Kierper an alles, wat sech dorëm dréint: déi eenzel Kierperdeeler: de Kapp fir sech, d’Hoer, d’Stier, d’Oueren, den Hals, d’Aen, d’Nues, de Mond (baussen a bannen); dann déi eenzel ‚Deeler‘ vun engem Kierper (Äerm, Hänn, Fangeren, Been, Broscht, Bauch, Réck, Hënner, Knéien, Féiss, Zéiwen asw). Banne geet et vrun allem ëm de Mo, de Bäichelchen, d’Liewer, d’Häerz asw. Dat alles kann ee jo (leider) wéi hunn… just hei kënne mir da bei praktesch Sätz kommen, mat deenen ee ‚spilles‘ déi meescht- gebrauchte ‚Hëllefsverben‘ hunn/sinn wonnerbar duerch de Gebrauch léiere kann, ouni dréche Vokabelen, Reien an Tabellen ze baatschen.

Stellt iech dann emol e ‚Kapitel‘ fir d’Iessen an d’Drénke vir; do kann een iwwer d’Geschier schwätzen, grad ewéi iwwer ‚Zopp an z’iessen‘; firwat net eng Grimmel iwwer d’Kacherei mat Ënnerdeelung fir Zopp, Fleesch/‘Gewurschtels‘, Fësch, Geméis, Uebst…

Eng Sprooch – an net nëmmen eis – léiert een nun emol net nëmmen a Schoulen, Bicher a Coursën, mä och am ‚Mateneen‘… wéi war et da mat de Lëtzebuerger, déi an Amerika gaang sinn, oder op d’Handwierks-‚Rull‘ an d’Frankräich? Leider ass dat ower hei bei äis wéinst eiser ‚Polyglossie‘, deer typesch Lëtzebuerger Villsproochegkeet och grad esou ‚typesch‘ problematesch…‘mir‘ quatsche jidfer Auslänner an enger vu senge Sproochen un.

Eis KLACK

Dir liest elo hei an der KLACK N° 258… an da komme mir dëst Joer un de 27 Joergank. ‚Esou al gëtt keng Kou‘, heescht et am Sproch. Ok, et war an ass eng Partie Aarbecht…mä wat ee gär mécht, ass jo keng Plo, gelldir J. Eis ommelzeg (?) Comité-Männer (wat maache mir mat deem gebeemte ‚Kommitee‘?) Patrick Kaell an Tom Weidig hunn sech dann elo net ginn, bis si all Nummere vun der KLACK op eiser Internet-Adress haten; den Tom huet och 250 Nummeren dovun drécke gelooss, fir datt een se als Buch an eiser wonnerbarer neier Nationalbibliothéik ka fannen… mä dir kënnt se och elo geschwë gedréckt op eiser Adress bestellen; esou wéi mir all eis Publikatioune fir iech do prett hunn. Et ka jo wierklech kee soen, mir wieren eisem Numm ‚ACTIOUN‘ an der Heemecht déi néideg Éier fir eis Sprooch an deene leschte ronn 50 Joer schëlleg bliwwen.

Automatesch?!

Wa mir äis selwer  emol éierlech d’Fro stellen, wéisou d‘Houdäitsch engem esou dacks an d’Sprooch rutscht, da brauche mir net laang ze sichen: Zugudderlescht si mir alleguer  an deer Sprooch liesen a schreiwe geléiert ginn; ‚mir‘ kucken 80% däitschsproocheg TV-Programmen; eis Zeitunge sinn zu 85% nun emol an däitscher Sprooch. Dat geet natierlech duer, fir datt dem Thomas Mann seng schéin a klassesch Sprooch äis net nëmme mëndlech mä och schrëftlech an d’Lëtzebuergesch wutscht, well eis Sprooch nun emol (och!) eng germanesch ass. Mat deem Ënnerscheed fir déi ‚germanesch‘ Hollänner, Dänen asw., datt déi nun emol NET op däitsch alphabetiséiert ginn; datt hir Press NET an deer Sprooch ass, an datt si vrun allem TV an hirer Sprooch kucken! Dës Bemierkung huet beileiwen näischt mam Iwwerleeës fir/géint eis Fassong vu Liesen- a Schreiweléieren ze dinn… mä et ka jo ower kee behaapten, si wier ëmsoss.

Huet dir iech z.B. ewell iwwerluecht, firwat bei äis e Präiss op eemol soll ‚gülteg‘ sinn; datt een ‚am Bäisinn‘ vun der Famill gestuerwen ass; datt et bei äis en ‚Zeienopruff‘ soll ginn, oder e Veräin eng Zomm Geld ‚zesummegedroen‘ huet; datt ab dem Juni d’Sonn um 10 vir véier opgeet asw.?

Dat sinn elauter Automatismen, déi vrun allem un der Lëtzebuerger Sprooch rappen; aner ‚germanesch‘ Idiomen hunn dat aus deene bekannten Ursaachen nun emol net.

Fir ze schmunzen

Dëslescht hat ech iech verzielt, wéi eis Sprooch viru ronn 55 Joer un d’Deckelsmouk komm ass (Fabelen). Zënterhier huet d’Lëtzebuergescht net méi e sëlleche Wierder ‚gemaach‘… mä der vill aus dem Däitschen an Engleschen eriwwergezun, fir déi mir eiser eegener gehat hätten; leider geet dat och nach muttwëlleserweis zevill liicht virun. Wa mir da schon e Wuert fir eng nei ‚Saach/Maach an eis Mammesprooch eranhuelen, da mussen dat net onbedéngt deer bretzeger englescher sinn, déi jo am Fong nëmme soll ‚gutt maachen‘, vrun allem um Geschäftsgebitt (‚made by…); ganz dovun ofzegesin, datt eng ganz déck Partie vu Leit dat Englescht emol vläicht net verstin!

Eng kleng Anekdot… mä absolutt wouer: An de 50er Joeren hunn ech emol mat Frënn zu Bech-Maacher an engem Café beim Patt gesiess; um Dësch niewendrun e Pätterchen, deen sech dann och mat an eist Gespréich ‚geschafft‘ hat. Et gong ëm Nouvellen op der Televisioun; do huet hien da gesot, hien hätt dat gëscht och op deem BILLERRADIO gesin, batschdeg! Dat wier am Fong eist neit Wuert fir d’Televisioun gewiescht; mä et soll ee sech do keng Illusioune maachen… den däitsche ‚Fernseh‘ war deemools ewell duerch deen eenzegen TV-Programm vum ‚Feldberg/Hartkopf‘ aus an d’Lëtzebuergescht eragerutscht. Datt haut praktesch d’ganz Welt de griechesch-laténgeschen Ausdrock TELEVISIOUN op verschidde ‚Melodien‘ ugehol huet, kann der nach ëmmer vill net drun hënneren, vum FERNSEH ze schwätzen, wat jo eng Zort verdäitschte ‚Sproochbaaschtert‘ ass. Mä dem Pätterchen säi ‚Billerradio‘ war ower léif, gelldir.

Notéiert iech

D’Generalversammlung vun der ACTIOUN-LËTZEBUERGESCH

ass samschdes – den 28. Mäerz – um 15.00 Auer

an eisem Veräinssëtz zu Izeg, 20, Conter-Strooss

*E Schëld weist iech de Wee fir eran an den Haff!*

 

Well dru geduecht?

Datt mir esou giedeleg EISER Ausdréck hunn, fir (je no eiser Staut) mat engem anere Mënsch ëmzegoen: heemelen – kruwwelen – stréilen – knujelen – ‚eizi‘ maachen… mä och rëselen – rappen – juppen – knuppen – tëlteren; a vläicht falen iech der nach an.

Et dréint sech hei och ëm eng Zort Ëmfeld- oder Situatioun.