De Joe Bausch, deen am Kölner Tatort de Geriichtsmedeziner Roth spillt an am richtege Liewen als Dokter am Prisong geschafft huet, war am Trifolion.

Hie war e Samschdeg fir eng Liesung am Iechternacher Trifolion fir de Vernissage vun der Ausstellung K.N.A.S.T. vun der däitsch-lëtzebuerger Kënschtlerin Thea Weires unzekucken. Dat ass eng fotografesch Aarbecht, déi si 2010 am alen Düsseldorfer Prisong zesumme mat Prisonéier a  Giischtercher realiséiert huet.

An hirem kënschtleresche Schafen beschäftegt d'Thea Weires sech vill mat Froe vu mënschleche Géintiwwerstellungen. Gesiichter ouni emotionalen Ausdrock, ma mat intensive Blécker, dat weisen hir schwaarz-wäiss, deels groussformateg Fotografië vu Persounen aus der Düsseldorfer JVA. Kennegeléiert hat si hir Modelen am Kader vun engem organiséierten Owend, un deem sech Leit vu bausse mat Inhaftéierten austausche konnten.

Mat hire Portraite konfrontéiert d'Kënschtlerin de Betruechter direkt mat de portraitéierte Personnagen a fuerdert en dozou op, seng Virurteeler ze hannerfroen. Eng Äntwert op d'Fro, wien Prisonéier a wien Giischtjen ass, gëtt et net.

Vum Prisong a senge Bewunner hat um Samschdeg Owend och den Joe Bausch verzielt.  Hie spillt net just Geriichtsmedeziner, ma och am richtege Liewen, hat hien iwwer 30 Joer laang als Dokter an engem däitschen Héichsécherheetsprisong geschafft. Säin zweet Buch „Gangsterblues“ ass inspiréiert vun de Schicksaler vu Prisonéier, déi sech him am Laf vu senger Karriär uvertraut hunn.

D'Ausstellung K.N.A.S.T. leeft nach bis den 13. Februar am Trifolion zu Iechternach.