Ënnert den Instrumenter ass d’Uergel wuel dat imposantst. Schonns eleng dat schaaft Beréierungsängschten.

Dass déi meescht Uergelen a Kierche stinn, uewen, wou een net hikënnt, hëlleft do net onbedéngt, fir dës ofzebauen. Wat extrem Schued ass, sot sech den Organist vun der Diddelenger Kierch, déi eng vun de beschten Uergelen am Land huet.

En Instrument mat internationaler Renommée. "Dial’orgues" heescht eng Serie vun Initiativen, déi dës Uergel dem breede Public soll méi nobréngen an net nëmme mat Musek. Hei kënnt ee ganz no erun.